Changer d'édition

No e puer Joer Paus an a ganz neier Form

Endlech erëm e Nuetsmaart zu Esch Sauer

Als Presidentin vun Hobbykënschtler Lëtzebuerg a.s.b.l freet et mech, dass mir et fäerdeg bruecht hunn, de Nuetsmaart zu Esch Sauer erëm opliewen ze loossen.Wéi mir virun e puer Joer héieren hunn, dass et kee Nuetsmaart zu Esch Sauer méi géif ginn, hu mir ons op d'Been gesat fir d'Organisatioun vun dësem esou bekannten a beléiften Nuetsmaart ze iwwerhuele – wann och an enger neier Form. Mir hunn decidéiert aus dem Nuetsmaart en Hobbynuetsmaart ze maachen. Leider huet dat net direkt geklappt mee mir hunn net opginn. Du koum och nach d`Pandemie an dat Ganzt gouf op Äis geluecht.Am Joer 2021 hate mir dunn intensive Kontakt mam Ronald Streumer a mir hunn Neel mat Käpp gemaach. Schnell war et kloer, dass mir den Hobbynuetsmaart zesumme géifen organiséieren. Et gouf e Comité Hobby-Nuetsmaart gegrënnt, d'Veräiner goufen an eng Reunioun invitéiert an och bei deene war den Intressi grouss fir Deel ze huelen a sech ëm Iessen a Gedrénks ze këmmeren. 

No e puer Joer Paus an a ganz neier Form-2

Et waren och direkt Leit bereet fir d'Organisatioun vun der Animatioun respektiv dem musikaleschen Deel ze iwwerhuelen. Mir vun Hobbykënschtler hunn dem Comité garantéiert, dass mir ons ëm d'Hobbystänn bekëmmeren, dat heescht, kee Commerce a keng Revente. Mir hunn ons Memberen ugeschriwwen an och do war d'Resonanz grouss. De Ronald huet eng „Food Street“ op d'Been gesat. Duerch dat gutt Zesummeschaffen am Comité Hobby-Nuetsmaart an dank de Sponsoren ass et ons gelongen, den Hobby-Nuetsmaart 2022 ze organiséieren.

Bleift mir nach just all onsen Aussteller a Veräiner vill Succès an eng gutt gefëllte Keess an de Visiteuren e flotten Dag ze wënschen.

Eliane Lothritz
Presidentin vun Hobbykënschtler Lëtzebuerg a.s.b.l