Changer d'édition

Kiermes zu Hunchereng am Duerfkär

Schonn déi 10ten Editioun

De 14 August ass et nees esou wäit. Et ass Huncherenger Kiermes an dat schonn fir déi 10te Kéier, am neien Duerfkär zu Hunchereng. An och dëst Joer ass de Programm erëm gutt gefëllt. Schonn den Dag virdrun geet et lass an d’Kiermes gëtt agelaut mat dem Hämmelsmarsch duerch d’ganzt Duerf.

Hämmelsmarsch, Kiermeskuch mat Ham, al Traktere fueren duerch d’Duerf...

Sonndes mueres treffen dann virun 10h00 déi éischt Trakteren op der Kiermesplaz an fir op ee flotten Tour iwwer Land a Gewaan lass ze leeën.

No der Houmass an der Huncherenger Kierch spillt d‘Fanfare dann den Hämmelsmarsch am Duerfkär.

Den Apéroconcert gëtt eis traditionell vun de Gehaansbléiser, um 11h30 op der Kiermesplaz gespillt. Um Kiermesmenü steet dëst Joer nieft engem ½ Poulet och nach eng Schwéngshéiss, all Kéier mat Gromperen an Zalot (Reservatioun bis den 8. August: Tel. 691 530 762 oder fanfare@fanfare.lu).
 

Um 15h00 ass eng Päerd’s an Trakterseegnung, wou dir äert Päerd, Trakter awer och Auto kënnt seene loossen. Duerno um 16h00 steet dann e flotte Concert mat der BigBand Spectrum um Programm.
 

Kiermes zu Hunchereng am Duerfkär-2
Um 16.00 Auer, Concert vun der Big Band Spectrum.

Flott Kiermesbuden a Spiller suergen de ganzen Dag iwwer fir déi néideg Kiermesstëmmung.

Fir Iessen a Gedrénks ass natierlech beschtens gesuergt.

Dëst Joer kënnt dir dann och vun der Gratisnavette profitéieren, déi all 20 Minutten vun der Beetebuerger Gare, mat groussem Parking, iwwer Fenneng, op Hunchereng op d’Kiermes awer och bis op Näerzenger Gare fiert. Also notzt de gratis ëffentlechen Transport fir op d’Huncherenger Kiermes, an dir däerft och mat rouegem Gewëssen eng Kiermesdrëpp drénken.

Zu Hunchereng op der Kiermes, ee flotten Dag bei gudder Stëmmung!
  

Kiermes zu Hunchereng am Duerfkär-3