Advertorial

Alleva Enzio Architectes & Associés S.à r.l. in Pétange: Zéng Joer Mataarbecht!

Madamm Lyn Feidt fir hier 10 Joer Engagement

Foto: Claude Piscitelli

De leschte Freide gouf eng trei Mataarbechterin d'Madamm Lyn Feidt fir hir 10 Joer geéiert an dat vun de véier Büroen déi zesummen eng Equipe bilden (Alleva Architectes, Urba Urbanistes, Intra Architecture d'intérieur, Palea Architecture du paysage).

Dank hirer grousser Energie an Erfarung ass Si hiren Erausfuerderungen, déi se bei de Projeten hat, ëmmer Meeschter ginn. No engem interessanten architektoneschen Tour mam CoolBus an der Stad Lëtzebuerg, ass et dunn mat der ganzer Equipe an de Restaurant “La Mezzanine du Boulevard“ gaangen. De Restaurant ass e Projet, de vun der Madamm Feidt realiséiert ginn ass.

Nom gudden Iessen huet den Här Enzio Alleva eng kleng Ried gehale fir sech ze bedanken, woubai e Kaddo esou wei och e schéine Bouquet dobäi iwwerreecht goufen.

Alleva Enzio Architectes & Associés S.à r.l.

27, rue des Promenades -L-4774 Pétange reception@alleva-architectes.lu | www.alleva-architectes.lu