Studium
Dëst Joer gëtt et eng nei Transportméiglechkeet: de Fliger. Beim Fliger ass de Prinzip d’selwecht wéi mam Bus. Moies fréi ass den Treffpunkt um Findel, wou ee vun der Acel op jidderee waart ier et bei de Fliger geet. An der Stad ukomm, waart do och de Studentecercle op d'Schüler.
Wee sech fir den Transport op Eegeninitiativ entscheet huet, ka seng Rees ganz autonom organiséieren. Dëst léisst engem d’Fräiheet vun der Dauer an dem Transportmëttel. Dat eenzegt wat do wichteg ass, ass dat dir d’Auerzäit an d’Plaz vum Start vum „Student fir 1 Dag“ respektéiert. Umelle kann ee sech bis zu zwee Schaffdeeg virum Depart ënnert www.acel.lu/sf1d (Wann der mat der Luxair flitt musst dir iech bis zu aacht Schaffdeeg virum Depart ugemellt hunn).
Programm 2022
02.04 Stroossbuerg
04.04 Karlsruhe a Heidelberg
05.04 Köln, Bonn a München
06.04 Fribourg (CH)*
07.04 Kaiserslautern a Wien
08.04 Freiburg a Belval (uni.lu)
09.04 Amsterdam*
11.04 Bréissel an Innsbruck*
12.04 Oochen a Nanzeg
13.04 Tréier an Zürech*
14.04 Saarbrécken a Berlin
15.04 Léck a Maastricht
*: Busrees
**: Fligerrees (Urees och op Eegeninitiativ méiglech.)
ACEL
De Studentevertrieder Fir weider Informatiounen:
www.acel.lu/sf1d
contact@acel.lu