Advertorial

Student fir 1 Dag op Ouschteren

Entdeck deng zukünfteg Studentestad!

Advertorial

Du bass Schüler op enger lère oder 2ème a wells studéiere goen? Du weess awer nach net wou a wat? Da mell dech un fir de ,,Student fir 1 Dag", deen d'Acel an der Ouschtervakanz tëschent dem 1. an dem 14. Abrëll, a Collaboratioun mat Voyages Emile Weber, Luxair, der Uni.lu an de Lëtzebuerger Studentecercle, organiséiert.

D'Lëtzebuerger Studenten, déi fir de Moment do liewen an och studéieren, stinn dir e ganzen Dag laang mat Rot an Dot zur Säit a kënnen dir all méiglech Froe ronderëm d'Studéiere beäntwerten.

Dëst Joer hues du d'Méiglechkeet 23 verschidden Universitéitsstied a siwe verschidde Länner kennen ze léieren. D'Acel organiséiert den Transport an 21 verschidde Stied.

Bei de Stied, déi mam Bus ugefuer ginn, gesäit de Programm folgendermoossen aus: Den Depart ass entweder um Park&Ride Bouillon oder zu Ettelbréck um Parking Däichhal.

Fir déi Stied, déi mam Fliger ugeflu ginn, woubäi et sech em Berlin, München a Wien handelt, ass den Treffpunkt um Findel.

Bei Fribourg (CH) an Innsbruck muss den Transport op Eegeninitiativ organiséiert ginn. Och an dëse Stied fënnt den ,,Student fir 1 Dag" a Form vun engem interessanten Dagesprogramm op der Plaz statt.

Programm 2023

01.04 Stroossbuerg & Fribourg (CH)
03.04 Bréissel, Saarbrécken an Innsbruck
04.04 Bonn
05.04 Nanzeg, Zürech a Wien
06.04 Freiburg a Belval (Uni.lu)
11.04 Léck, Maastricht a Tréier
12.04 Oochen a Berlin
13.04 Köln, Düsseldorf a Kaiserslautern
14.04 Karlsruhe, Heidelberg, Amsterdam a München

Fir Berlin, München a Wien huet een awer och d'Méiglechkeet, selwer säin Transport z'organiséieren a sech direkt an der Stad um Treffpunkt mam Studenten-cercel zesummen ze fannen. Nom Treffpunkt an der jeeweileger Stad, geet et lass mam Dagesprogramm, deen aus enger Visitt vum Campus, der Bibliothéik a vun anere wichtege Gebaier vun der Uni oder Héichschoul besteet. Duerno gëtt sech an der Kantin oder an engem Restaurant fir de weidere Verlaf gestäerkt, éier et da mat enger Visitt vun der Stad weidergeet.

Wärend dem ganzen Dag huet een d'Méiglechkeet, Froen zum Studium, Studenteliewen a Wunnengsméiglechkeeten ze stellen.

Interesséiert? Da mell dech ennert sfld.acel.lu un.

Mee denk drun: First come, first served! 

Acel - De Studentevertrieder
Fir weider Informatiounen:
www.acel.lu/sfld
contact@acel.lu