Student fir 1 Dag

Gestalt deng Zukunft mat der Acel

Du wëlls gäre studéiere goen, mee weess awer nach net wat dech op der Uni erwaart? Du weess net wou s du wëlls studéiere goen a wéi eng Uni déi richteg fir dech ass? Dann sief och du Student fir 1 Dag bei der Luxembourg Edition 2021!Wat, wou, wéini?Dëst Joer fënnt den traditionelle Student fir 1 Dag an enger spezieller Form, an zwar der Luxembourg Edition, statt. Dofir besicht Acel net wéi gewinnt mat de Schüler a Schülerinnen d’Studentestied, mee d’Studenten a Studentinnen aus de verschiddene Stied komme bei dech op de Belval an d‘Raimlechkeete vun der Uni Lëtzebuerg!D’Cerclen aus de jeeweilege Stied stellen hier Stad vir, mat allem wat dir hëllefe kann, eng Entscheedung fir deng Zukunft ze treffen! Natierlech kanns du hei och all deng Froe stellen an dech mat de Studenten a Studentinnen ënnerhalen.Dënschdes, de 6ten Abrëll sinn 12 Stied aus Däitschland vertrueden an e Mëttwoch, de 7ten Abrëll kanns du verschidde Stied aus Frankräich, der Belsch, Holland, der Schwäiz an Éisträich kenne léieren.

Studium

Student fir 1 Dag-2

Mat dobäi den 6. Abrëll:
Berlin, Bonn, Köln, Frankfurt, Freiburg, Heidelberg, Kaiserslautern, Karlsruhe, München, Oochen, Saarbrécken an Tréier

Mat dobäi den 7. Abrëll:
Amsterdam, Bréissel, Fribourg, Innsbruck, Léck, Maastricht, Nanzeg, Stroossbuerg, Wien an Zürech

Wéi leeft dat Ganzt elo of?

Däin Dag fänkt mat enger Presentatioun vun der ACEL zesumme mam Cedies (Centre de Documentation et d'Information sur l'Enseignement Supérieur) un. Du kanns entscheeden ob s du entweder um 8.00 Auer oder um 13.00 Auer starts! Wann's du dech fir mindestens eng Stad virun 13.00 umells, muss du automatesch um 8.00 present si fir däin Dag ze starten, falls du dech just no 13.00 Auer ugemellt hues, muss du um 13.00 Auer present si fir un der Acel/Cedies Presentatioun deel ze huelen. Du kanns also bis zu sechs Stied besichen, wann s du moies ufänks oder bis zu dräi Stied, wann s du just mëttes dobäi bass.

Ech wëll dobäi sinn, mee wat muss ech dofir maachen?

Wéinst de sanitäre Mesurë gi just limitéiert Platzen ugebueden, dofir muss du dech umelle fir bei dësem Student fir 1 Dag – Luxembourg Edition matzemaachen. Du kanns also bei der Umeldung soen, wéi eng Stied dech interesséieren a wéi eng Auerzäit(en) dir am beschte passen. Vergiess also net dech hei unzemellen: sf1d.acel.lu

An net ze vergiessen: de Student fir 1 Dag ass fir dech natierlech komplett gratis!

Acel – de Studentevertrieder
Fir weider Informatiounen: contact@acel.lu
www.facebook.com/AcelLuxembourg, www.acel.lu/sf1d