Advertorial

De Studentebal 2022 

E Freideg, den 8. Juli ass et souwäit, da fënnt déi 21. Editioun vum De Studentebal statt

D’Acel organiséiert erëm zesumme mat hire Studentecerclen ee grousst Open Air Event, wou dir bei 27 Cerclë kënnt verschidde Special Drinks schmaachen.Vu Cocktailen iwwer Longdrinks a Shotte bis hin zum normale Béier ass hei wierklech fir jiddereen eppes dobäi (natierlech och net alkoholescht Gedrénks). A falls een tëschenduerch sollt Honger kréien, versuergt iech och e Grillstand.De Studentebal fënnt op der Wiss nieft dem P&R Bouillon statt. Gestart gëtt vun 20h bis 22h mat enger Happy Hour. Fir déi richteg Stëmmung suerge bis spéit an d‘Nuecht eis DJen Almighty A an Dasic. Sollt d‘Wieder deen Dag net sou gutt sinn, maacht iech näischt draus, mat den Navettë kommt dir dréche bis op de Site, wou dir an engem groussen Zelt vun all Wieder onofhängeg mat äre Kolleege feiere kënnt. Déi selwecht Navettë fueren och an der Nuecht ab 03h00 erëm duerch d‘Land fir iech sécher Heem ze bréngen.De genaue Plang fannt dir op www.latenightbus.lu.Virverkafstickete kënnt dir souwuel bei de Cerclë wéi och an de folgende Caféen uechtert d’Land kafen: Café Beim Frank zu Dikrech, Fabrik zu Miersch, Siegfried um Lampertsbierg, Pitcher zu Esch-Uelzecht an Pacha um Belair. Wann dir keng Méiglechkeet hutt, e Virverkafsticket ze kafen, ass dëst kee Problem. Dir kritt de ganzen Owend nach Ticketen an der Oweskeess. D’Entrée ass eréischt mat 18 Joer erlaabt.Als Organisateure vum „De Studentebal” ass sech d'Acel bewosst, wéi grouss den Impakt vun esou engem Event op eis Ëmwelt ass an huet dowéinst déi néideg Moossnamen getraff, de Bal méi ëmweltfrëndlech ze maachen.D'Acel hofft deen een oder anere kënnen um Studentebal erëm ze gesinn a puer flott Stonne mateneen ze verbréngen.

Event 

ACEL – De Studentevertrieder
Fir weider Informatiounen:
www.acel.lu/studentebal
contact@acel.lu