Alleva Enzio Architectes & Associés S.à r.l.
Unerkennung
De leschte Freide gouf elo déi drëttlängst Mataarbechterin vum Architektebüro Alleva fir hir zéng Joer Mataarbecht geéiert: d’Sekretärin Madamm Pascale Lorang.
Hiren Erausfuerderungen ass si ëmmer Meeschter ginn, an dobäi ënnerstëtzt si all hir Aarbechtskolleege mat enger positiver Ausstralung. No enger léierräicher Visite vun der fuschneier Nationalbibliothéik um Kierchbierg, en architektonesch interessant Gebai, goung et dunn an de Restaurant fir en agreabelt Iesse mat der ganzer Equipe (Alleva Architectes; Urba Urbanistes; Intra Architecture d'intérieur; Palea Architecture du paysage). Zu gudder Lescht huet d’Madamm Lorang vun hirem Chef mat enger klenger Ried an engem schéine Reesbong vu „Sales-Lentz“ fir hir Déngschter en häerzleche Merci ausgedréckt kritt.
Alleva Enzio Architectes & Associés S.à r.l.
27, rue des Promenades, L–4774 Pétange
Tel.: 00352 26 50 21 51
www.alleva-architectes.lu