Advertorial

Weekend vun de Lëtzebuerger Produkter Miedernach

Nodeems d’lescht Joer den 30. Gebuertsdag vun der Lëtzebuerger Produktausstellung zu Miedernach gefeiert gouf, ass et dëst Joer wéinst de Corona-Virschrëften net méiglech, dës Manifestatioun ofzehalen.

Leider fällt déi dësjäreg Editioun vun eisem beschtbekannte Weekend vun de Lëtzebuerger Produkter dem Corona-Virus zum Affer. Wëll mir awer ongebremst vun der Wichtegkeet vun der regionaler a lokaler Produktioun iwwerzeegt sinn, hu mir decidéiert, fir eng Broschür ze drécken an eise Frënn a Bekannten ze schécken. An eiser Broschür fannt Dir déi meescht vun eisen Aussteller vum leschte Joer. Dir kënnt se gäre bestellen iwwert contact@medernach.info oder um Telefon 691 867 753, der kënnt se och downloaden op www.medernach.info. Wann Dir si wëllt ënnerstëtzen, da kënnt Dir dëst maachen, andeems Dir Är Bestellung direkt bei dem jeeweilege Produzent maacht. Si fanne bestëmmt eng Méiglechkeet, fir Iech ze beliwweren.            

Mir sinn a bleiwen jiddefalls der Meenung: „Mir hunn am Ländche gutt Saachen“. Bleift all gesond a mir hoffen, datt mer Iech all d’nächst Joer zu Miedernach op der gewinnter Plaz erëmgesinn.

Mir soe MERCI fir Ären Interessi.

Am Numm vum Comité, Pit Friederes President vum Syndicat d’initiative et du tourisme Aerenzdallgemeng
                

Weekend Lëtzebuerger Produkter zu Miedernach 2021
Samsdeg, 2. September a Sonndeg, 3. September 2021