Advertorial

Virwuert Riesling Open 2022

Petingen investiert mit unerwarteten Initiativen in die Zukunft

De Weekend vum 16.-18. September ass et rëm sou wäit: de Riesling open ass zréck!Riesling ass ee speziellen, enorm facettëräiche Wäin. Schonn eleng d’Rieslingsaromatik geet vun Zitrusfriichten, gréngen Apel, bis hin zu Aprikos, Mango oder Ananas. Am Alter kënnen sech dann nach speziell Arome wéi Pëtrol oder Hunneg entwéckelen. Wat awer och Typizitéit vum Riesling ausmëscht, dat ass seng Struktur. Rieslinge si gepräägt vun enger gewësser Saier an et ass dës Saier, déi d’Réckgrat vum Riesling ausmëscht. Déi gëtt dem Riesling seng Finess, Eleganz aVerspilltheet.De Riesling developpéiert dës Eegenschaften awer net iwwerall ob der Welt. Hien ass eng Zorte déi sech a méi frëschen, kille Regioune wuelfillt. Déi normalerweis méi niddereg Temperaturen an eise Géigende bréngen et mat sech, dass den Riesling eng laang Maturitéit huet an sech doduerch, déi fir hien typesch Aromatik entwéckelt.

Virwuert Riesling Open 2022-2
Foto: Studio Yves Kortum

Beim Riesling muss een och ëmmer vum Terroir schwätzen. Dem Riesling seng Originn huet och Afloss ob säin Erscheinungsbild. De Riesling ass ee vun de Wäiner bei deenen een seng Lag erausschmaache kann. Duerfir gëtt virun allem bei den Rieslingen Wäert ob seng Hierkonft geluecht.

Fir dat de Riesling seng Expressivitéit kritt, mussen d‘Wënzer muss sech ee ganzt Joer vill Méi am Wéngert ginn. Sënn an Zweck vun hirer Aarbecht ass, dass dat wat an der Fläsch ass Iech och gefält. Dat ass déi gréisste Satisfaktioun fir d‘Wënzer. Ech wënschen ech Iech vill Spaass beim Schmaachen!

Zum Schluss well ech awer nach all den Organisateuren, déi zum Gelénge vun dësem Fest bäidroen, souwéi der amtéierender Rieslingskinnigin Lara an hirer Nofollgerin Céline ee grousse Merci fir hiren Asaz soen.

Claude HAAGEN
Minister fir d'Landwirtschaft, de Wäibau an d’ländlech Entwécklung