Advertorial

Vakanz doheem

De Programm fir de Juni vun der M.S. „Princesse Marie-Astrid“

An der aktueller Situatioun bitt et sech un, seng Vakanz zu Lëtzebuerg ze verbréngen. Zum Beispill op der Musel, wou ee mat der M.S. „Princesse Marie-Astrid“ fuere kann. Nieft de Sonndes-Horairen, déi een um Site www.marie-astrid.lu fanne kann, ginn et och speziell Zäiten. Sou fiert d'Schëff am Juni vun dënschdes bis freides ab Gréiwemaacher um 11.30 Auer fort a kënnt erëm um 16 Auer do un. De Präis vun der Faart: 19 Euro. Fir Päischtméindeg, den 1. Juni erwaart Iech ee spezielle Programm. Depart zu Gréiwemaacher ass um 11.30 Auer, Retour um 16.30 Auer. De Präis vun der Faart mam Menü ass 63 Euro.   

Musel

Vakanz doheem-2
Vakanz doheem-3

Samschdes, de 6., 20. a 27. Juni hutt Dir d'Méiglechkeet, owes zu Gréiwemaacher op d'Schëff iessen ze kommen. Iessen ass à la carte, op den Apero rsp. Cocktail ginn et 50 Prozent.

E Samschden, den 13. Juni, fiert d'M.S. „Princesse MarieAstrid“ op Saarburg. An e Sonndeg, de 14. Juni, fir Mammendag gëtt et een extra Menü fir 76 Euro an Animatioun. Ab Juli gëtt nees den normalen Horaire gefuer.

M.S. „Princesse Marie-Astrid“
10, route du Vin, L-6794 Grevenmacher
Tel. 75 82 75
info@marie-astrid.lu