Advertorial

Treffe fir Famill a Frënn

Summerfest beim Senior Hotel Iechternach

##mainParagraph##


Bei sonnegem Himmel an, wéi all Joer, iwwer honnert Participant’en, huet de Samschdeg, de 27 Juli d’Summerfest vum Senior Hotel stattfonnt. E grousse Succès fir den Här Jovinelli, Direkter vum Senior Hotel, dee seng 13. Editioun organiséiert huet.

Pensionnairen, Famillen a Frënn hunn en agreabelen Dag mat exzellentem Buffet a villen Animatioune verbruecht. National an international Kënschtler hunn aus dem Dag en eenzegt Fest gemaach. Fir Ënnerhalung hunn de Steve Pitman (A tribute to Elvis) an den Zauberer Sylvain Juzan gesuergt. Musikalesch hannerluecht gouf de Programm vum Ferdy um Piano, souwéi vum Chouer vum Senior Hotel, ënnert der Leedung vum Claude Keyser.

Ervirzehiewe gëllt ausserdeem déi eelst Bewunnerin vum Hotel: d’Madamm Maria Stemper, déi 100. Gebuertsdag a gudder Gesellschaft gefeiert huet. Si wunnt zënter 13 Joer am Senior Hotel an ass nach ëmmer an Toppform.

Wéi all Joer bedankt sech de Senior Hotel bei senge Fournisseur’en, déi fir eng gutt gefëllten Tombola gesuergt hunn. Bis d’nächst Joer, fir d’Editioun 2020!

Senior Hôtel Echternach
9, rue de l’Hôpital – L-6448 Echternach | Tel. 72 64 50
Informatiounen a Reservatiounen ënner www.seniorhotel.lu