Advertorial

Student fir een Dag

Schülerreese vun der ACEL

D’ACEL bitt och erëm dëst Joer a Kooperatioun mat Voyages Emile Weber a senge Membercerclen de „Student fir 1 Dag“ an 20 verschidde Studentestied un. Dëse Projet ënnerstëtzt d’Schüler bei der wichteger Entscheedung, wat si nom Lycées-Ofschloss solle studéieren an a wéi eng Studentestad een dofir goe kann. Beim „Student fir 1 Dag“ hunn d’Schüler d’Méiglechkeet, an der Ouschtervakanz, tëschent dem 6. an dem 19. Abrëll, ee ganzen Dag an enger Studentestad ze verbréngen an esou een éischten Abléck an d’Studenteliewen ze kréien. De Programm op der Plaz gesäit folgendermoossen aus: Den Dag fänkt u mat der Visitt vun den Universitéiten an deene wichtegste Gebaier um Campus, wei d’Bibliothéik, d’Hörsäll an administrativ Gebaier.D’Visitte gi mat engem Mëttegiessen ofgeronnt, befir et da mëttes mat enger Stadbesichtegung weidergeet. De ganzen Dag iwwer stinn d’Lëtzebuerger Studenten de Schüler zur Säit. Dëst erméiglecht de Schüler, all hir Froen ze stellen an esou eng Äntwert aus éischter Hand ze kréien. De Student fir een Dag bitt de Schüler also eng eemoleg Geleeënheet, d’Studentestied op eng aner Aart a Weis kennenzeléieren an hinnen esou hir Entscheedung ëm zukünfteg Studien ze erliichteren.Umelle kann ee sech bis zu zwee Schaffdeeg virum Depart ënner folgendem Link: www.acel.lu/sf1d

Student fir een Dag-2

ACEL – de Studentevertrieder
Fir weider Informatiounen:
contact@acel.lu | www.facebook.com/AcelLuxembourg

Programm 2019

Dëst Joer hunn d’Schüler de Choix tëschent 20 verschidde Stied:

6.4.
Nanzeg a Stroossbuerg
8.4.
Bréissel an Innsbruck*
9.4.
Belval (uni.lu) a Freiburg
10.4.
Karlsruhe an Heidelberg
11.4.
Saarbrécken a Wien*
12.4.
München* an Tréier
15.4.
Kaiserslautern an Zürech*
16.4.
Köln a Bonn
17.4.
Oochen
18.4.
Frankfurt
19.4.
Léck a Maastricht

*Bei dëse Stied muss den Transport selwer organiséiert ginn.

Informatiounen iwwer Transportméiglechkeeten a Käschte fann Dir op www.acel.lu/sf1d.