Advertorial

Student fir een Dag

Entdeck deng zukünfteg Studentestad!

Eine Handvoll Kirschen pro Tag senkt das Risiko schmerzhafter Gichtattacken. Foto: Nestor Bachmann/dpa-tmn

Du bass Schüler op enger 1ère oder 2ème a wëlls studéiere goen? Du weess awer nach net wou a wat? Da mell dech un fir de “Student fir 1 Dag”, deen d’ACEL an der Ouschtervakanz tëschent dem 6ten an 19ten Abrëll, a Collaboratioun mat Voyages Emile Weber an de Lëtzebuerger Studentencercelen, organiséiert. D‘Lëtzebuerger Studenten, déi vir de Moment do liewen a studéieren, stinn dir en ganzen Dag laang mat Rot an Dot zur Säit a kënnen dir all méiglech Froe ronderëm d‘Studéiere beäntwerten.

Entdeck deng zukünfteg Studentestad!

Dëst Joer hues du d’Méiglechkeet 20 verschidden Universitéitsstied a siwe verschidde Länner kennen ze léieren. D’ACEL organiséiert den Transport a 16 verschidde Stied. Bei de Stied München, Innsbruck, Zürech a Wien muss den Transport op eegen Initiativ organiséiert ginn. Trotzdeem gëtt “Student fir 1 Dag” och an dëse Stied a Form vun engem intressanten Dagesprogramm op der Plaz ugebueden. Fir déi Stied, déi mam Bus ugefuer ginn, gesäit de Programm folgendermoossen aus: Den Depart ass um Park & Ride Bouillon oder zu Ettelbréck um Parking Däichhal. An der Stad ukomm, stinn eng Visitt vum Campus, vun der Bibliothéik a vun anere wichtege Gebaier vun der Uni oder Héichschoul um Programm. Duerno gëtt sech an der Kantin oder an engem Restaurant fir de weidere Verlaaf gestäerkt, éier et da mat enger Visitt vun der Stad weidergeet. Zum Schluss vum Dag gëtt et an der eng oder anerer Stad och nach ee Patt, bei dem’s du nach eng Kéier d'Méiglechkeet hues, all méiglech Froen zum Studium, Studenteliewen a Wunnméiglechkeeten ze stellen a perséinlech Erfarunge mat Studenten ze deelen.

Interesséiert? Da mell dech bis zwee Schaffdeeg virum Depart ënner: www.acel.lu/sf1d un. Mee denk drun: First come, first served!

ACEL – de Studentevertrieder
Fir weider Informatiounen:
contact@acel.lu
www.facebook.com/AcelLuxembourg

Programm 2019

6.4. Nanzeg a Stroossbuerg
8.4. Bréissel an Innsbruck*
9.4. Belval (uni.lu) a Freiburg
10.4. Karlsruhe an Heidelberg
11.4. Saarbrécken a Wien*
12.4. München* an Tréier
15.4.Kaiserslautern an Zürech*
16.4. Köln a Bonn
17.4. Oochen
18.4. Frankfurt
19.4. Léck a Maastricht

*Hei muss den Transport selwer organiséiert ginn. Informatiounen iwwer Transportméiglechkeeten a Käschte fënns du op www.acel.lu/sf1d.