Mat der ACEL d'Uni kenneléieren
De Projet „Student fir 1 Dag“ fënnt dëst Joer an der Ouschtervakanz, tëschent dem 6. an 19. Abrëll, statt a gëtt de Schüler d’Méiglechkeet, mam Bus an eng vun 20 Studentestied, déi dëst Joer um Programm stinn, ze fueren, a sech vun de Lëtzebuerger Studenten all hir Froe bezüglech de verschiddene Studiëgäng, der Wunnengssich an dem Studenteliewe beäntwerten ze loossen. Moies steet d’Visitt vun den Unisgebaier, vun der Bibliothéik a vun anere wichtege Gebaier vum Campus um Programm.
Nodeems sech mat engem Mëttegiesse gestäerkt gouf, geet et weider mat engem Tour duecht d‘Stad, fir dës besser kennenzeléieren, éier et dann nees zeréck op Lëtzebuerg geet. De ganzen Dag iwwer stinn d’Lëtzebuerger Studenten de Schüler zur Verfügung, fir op all hir Froen ze äntwerten an hir perséinlech Erfarunge mat de Schüler ze deelen. Nei dëst Joer ass, dass net nëmme Stied aus der Grenzregioun besicht ginn.
Dëst Joer stinn och Wien, Innsbruck, München an Zürech um Programm. Am Géigesaz zu deenen anere Stied, gëtt hei just de Programm op der Plaz ugebueden: den Transport muss selwer organiséiert ginn.
Wann s du Loscht hues dir deng zukünfteg Studentestad vu Studente weisen ze loossen, da kanns du dech bis zu zwee Schaffdeeg virun der Rees op eisem Internetsite umellen: www.acel.lu/sf1d.
ACEL – de Studentevertrieder
Fir weider Informatiounen:
contact@acel.lu
www.facebook.com/AcelLuxembourg
Programm 2019
6.4. Nanzeg a Stroossbuerg,
8.4. Bréissel an Innsbruck*,
9.4. Belval (uni.lu) a Freiburg,
10.4. Karlsruhe an Heidelberg,
11.4. Saarbrécken a Wien*,
12.4. München* an Tréier,
15.4. Kaiserslautern an Zürech*,
16.4. Köln a Bonn,
17.4. Oochen,
18.4. Frankfurt,
19.4. Léck a Maastricht.
* Hei muss den Transport op eegen Initiativ a Käschten organiséiert ginn. Wéi s du am einfachsten dohinner kënns, fënns du ënner www.acel.lu.