Fir dëse flotten Owend – dee jo am Kader vum 185. Jubiläum vun der Maacher Stadmusek stattfënnt – gëtt de Festsall dann och passend dekoréiert, an Dirndl a Lederhosen sinn um Rendez-vous, wann de frësch gezaapte Weihenstephaner Festbéier an d’Glieser leeft.
Dobäi zerwéiere mir selbstverständlech och déi passend Münchener Spezialitéiten a Schmankerl, z. B. Weißwurscht mat frësche Brezen, Fleeschpflanzerl oder Wiener Würstel mat Kraut- oder Gromperenzalot, eng gehäerzt Gulaschzopp, an däers nach méi.
Bei Gaudi a Feierlaun gëtt nieft dem obligate Béier selbstverständlech och e gudde Pättche Lëtzebuerger Wäin oder eng kill Kippche Crémant ugebueden.
No Mëtternuecht ass nach laang net Schluss, an et gëtt nach weider gefeiert a gedanzt mam DJ Maji.
Mir freeën is op Äre Besuch bei der HMG zu Maacher mat «Alpenblech – Blasmusik vom Feinsten».
Georges May President vun der HMG