Hotel
Dir hutt Äre Bon schonn ageléist? Déi 50 Euro Remise pro Persoun vum Senior Hotel sinn Iech trotzdeem sécher!
All Reservatioun, wann och just fir e kuerzen Openthalt, ass ewéi eng Vakanz an engem traditionellen Hotel. Profitéiert vu spezielle Servicer, Animatiounen, awer och vun der Sécherheet duerch Fleegepersonal, dat 24/24h sur place ass.
Dës Offer ass awer och déi perfekt Geleeënheet, d'Etablissement ze testen an Iech selwer dovun iwwerzeegen ze loossen, dass et all Ären Erwaardungen entsprécht, ier och Dir villäicht Vollzäit-Pensionär am Senior Hotel, der Service-Residenz zu Iechternach, gitt.
Senior Hôtel Echternach
9, rue de l'Hôpital
L-6448 Echternach
Tel. 72 64 50
Informatiounen a Reservatiounen ënner www.seniorhotel.lu