Advertorial

Préface Fanfare Bouneweg Galaconcert 2019

Et ass schonn eng Traditioun, datt de jeeweilege Kulturminister fir de Galaconcert vun der Bouneweger Musek e Virwuert schreift an ech schléisse mech do gäre menge Virgänger un.Als fréier Stater Gemengepolitikerin weess ech, wéi wichteg d‘Veräinsliewen an der Stad ass a besonnesch och fir de jeeweilege Quartier. Ob e Quartier lieft, ob e kreativ ass an ob seng Awunner sech dofir asetzen an zesummen dagdeeglech un hirer Gemeinschaft feilen. Dat spigelt sech ouni Zweifel och an esou engem Veräin ewéi der Bouneweger Musek erëm.D’Fanfare municipale Luxembourg Bonnevoie huet net nëmmen an der Stad en exzellente Ruff, mee och am Land an esouguer iwwert d’Grenzen eraus. An hirem laange Palmarès stinn ënner anerem Optrëtter op renomméierte Concoursen ewéi Kerkrade an Holland oder Schladming an Éisträich, Héichbuerge vun der sinfonescher Blosmusek.


Mat hirer lokaler Quartiersmusekschoul a besonnesch der Jugendmusek, der Fanfare Prince Henri, spillt de Veräin eng wichteg Roll an der Musekserzéiung vun eise Kanner an eise jonke Leit. A menger Jugend hat ech selwer d’Geleeënheet, an der Bouneweger Musek ze spille, a weess doduerch haut, wéi wäertvoll déi Erfarung ass a gläichzäiteg awer och, wéi vill Konzentratioun a Motivatioun et kascht.

Ëmmer op fir Neies, och fir nei Wierker vu Komponiste vun heiheem, dréit d’Bouneweger Musek, a kierzlech jo och d’Fanfare Prince Henri, mat enger flotter Kompositioun vum Tim Kleren fir kleng an déck Tromm dozou bäi, datt nei Kreatiounen entstinn an opgefouert ginn.

Fir hire Gala 2019 proposéiert d’Bouneweger Musek e gemëschte Programm a stellt déi jonk Sopranistin Simone Martiny an de Mëttelpunkt. Och dat ass e wonnerbare Geste, fir jonke Leit d’Méiglechkeet ze bidden, fir mat esou engem flotten Orchester opzetrieden.

En häerzleche Merci geet un déi Responsabel vum Comité vum Veräin, den Dirigent Romain Kerschen an all Musikantinnen a Musikanten aus der Bouneweger Musek an der Fanfare Prince Henri fir hiren Asaz am Déngscht vun hirem Quartier, mee awer och vun eiser Kulturzeen. An enger Zäit, wou de Benevolat et ëmmer méi schwéier kritt fir ze iwwerliewen, kann een dat net genuch ënnersträichen.

Vill Erfolleg a vill Freed wënschen ech fir de Galaconcert den 2. Februar am Stater Conservatoire.

Sam Tanson
Kulturministerin