Advertorial

Neie Complexe multi „Celo“ zu Hesper

D'Wuert vum Hesper Buergermeeschter Marc Lies

„Was lange währt, wird endlich gut“ - esou kéint een d’Entstehungsgeschicht vum neie Centre culturel an der Hesper Gemeng bezeechnen.Vill Jore gouf vun eise Kulturveräiner an awer och vun enger ganzer Rëtsch vu Verantwortlechen aus Politik a Gesellschaft vun dësem Projet gedreemt.Am Liewe soll een och Dreem a Visiounen hunn. Dësen Dram an dës Visioun gi mat der Fäerdegstellung vum neie „Celo – Culture, Entertainment, Leisure, Office“-Gebai lo endlech Realitéit.Als Unerkennung fir vill Joren engagéiert Aarbecht am kulturelle Beräich an um politesche Plang als Buergermeeschtesch vun der Gemeng Hesper, ass vun der Kulturkommissioun an dem ganze Gemengerot decidéiert ginn, datt de grousse Concertssall am neie Celo-Gebai den Numm vun der laangjäreger Buergermeeschtesch Marie-Thérèse Gantenbein sollt kréien.Mat dësem neie Gebäi gëtt Geschicht geschriwwen, a mir si frou an houfreg doriwwer, datt d’Kulturzeen an eiser Gemeng eng nei a modern Ulafstell wäert kréien.De Musikanten an Artisten esouwéi de Visiteure bleift mir just nach eng flott an interessant kulturell Zukunft ze wënschen. Marc Lies

Neie Complexe multi „Celo“ zu Hesper-2
Marc Lies, Buergermeeschter vun Hesper. Foto: Chris Karaba