Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Advertorial

Munzer Haupeschmaart 2019

Spezial

Spezial 06.11.2019
Anzeige

Munzer Haupeschmaart 2019



Ween op der Sich no engem traditionellen, regionalen a virun allem charmante Maart ass, dee kënnt net laanscht de Munzer Haupeschmaart. De Brauch vun de Jeeër, e Maart zu Éiere vun hirem Schutzpatroun, dem hellegen Hubertus, ze veranstalten, staamt schonn aus dem 17. Joerhonnert.

Al Traditioune wéi den Haupeschmaart nees opliewen ze loossen, ass wichteg, fir eisen eenzegaartegen historeschen a kulturelle Patrimoine ze schützen. Esou Manifestatioune sinn zudeem flott Occasioune, fir den Touristen authentesch Erliefnesser ze bidden. Um Haupeschmaart kënne si e Stéck Lëtzebuerger Traditioun erliewen. Kulinaresch Spezialitéite ginn et genau sou ze bestaunen, ewéi dat lokaalt Konschthandwierk. Déi geselleg a charmant Ambiance vum Haupeschmaart mécht aus der Manifestatioun e beléiften Treffpunkt fir Touristen a Residenten.

Grad fir d’Residenten ass dëse Rendezvous och eng interessant Méiglechkeet, den Norde vum Land nei ze entdecken. Eng ganz Rei u Wander- a Vëlosweeër bidden d’Occasioun déi intakt Natur an déi impressionnant Landschafte vum Éislek ze erliewen.



Ech felicitéieren dem Tourist Center Clervaux fir d’Organisatioun vum Haupeschmaart an natierlech soen ech och all deene Merci, déi mat vill Asaz an Häerzblutt un der 30. Editioun matgeschafft hunn.

Lex Delles Minister fir Tourismus