Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Advertorial

Spezial

Léif Gäscht vun eisem Konschthandwierkermaart

Spezial 05.11.2019
Anzeige

Léif Gäscht vun eisem Konschthandwierkermaart



Fir d’15. Kéier stelle méi wéi 120 Konschthandwierker zu Berdorf an de Stroossen, de Scheiren an am Centre Culturel vill interessant an héichwäerteg Konschtartikelen aus.

Mir Fraen a Mammen, freeën is scho seit Wochen, Iech op dem Weekend vum 9. an 10. November bei eis begréissen ze kënnen.

Wéi all Jor gëtt et flott Animatioun fir Grouss a Kleng an d’Veräiner aus der Gemeng suergen dofir, dass keen Honger an Duuscht brauch ze leiden.

Am Centre culturel zerwéieren d´Fraen a Mammen selwer gebake Kuchen an Taarten an hei waart och eng flott Tombola op Iech.

Vill fläisseg Hänn hu während Méint Entreesklamere gebastelt, déi dëst Jor besonnesch gutt gerode sinn.

Bei eis bleift den Entrée op de Maart bei 3 Euro, an d´Kanner bis 12 Jor si gratis.

Eng Navette brégt Iech vum Aquatower a vum Maartbësch bis virun d´Keese vum Maart.

E grousse Merci soe mir alle Frënn a Memberen, déi eis ënnerstëtzen an eng Hand mat upaken, och eiser Gemeng an eise Sponsoren.

Ouni déi vill Hëllef, wär et guer net méiglech esou e grousse Maart ze organiséiren.

Selbstverständlech gëtt erëm den integralen Erléis vun eisem Fest u karitativ Organisatiounen gespent.

Mir wënschen eisen treien Konschthandwierker a Gäscht zwee flott Deeg zu Berdorf.

Vive déi 15. Editioun vun eisem Haupeschfest mat Konschthandwierkermaart. Linda Hartmann Presidentin vun de Fraen a Mammen vu Berdorf