Mein Numm ass Fabienne Demuth, ech sinn 23 Joar jonk an ech sinn e Wënzermeedchen vu Wormer. Doduerch, dat mir ee Wënzerbetrib hunn, konnt ech vu kleenem u schonn gesinn, wéi vill Aarbecht drastécht, fir ee goude Wäin ze kréien. Ech hunn och mol gären een Hand mat ugepaakt, besonnesch an der Drauwelies.
Niewent mengem Amt als Rieslingsprinzessin sinn ech en aktive Member bei de Jongwënzer Vinsmoselle, wou ech menger Leidenschaft, dem Wäin, kann nogoen. A meiner Fräizäit ënnerhuelen ech gäre Saachen mat Kollegen an am léifste ginn ech mat hinnen zesummen op d’Wäifester.
No véier onvergiessleche Joar als Rieslingsprinzessin sinn ech elo richteg houfreg drop als 21. Rieslingskinnigin gekréint ze ginn a mat Freed isen exzellente Lëtzebuerger Wäin a Crémant, a virun allem de Riesling, heiheem wéi och am Ausland kënnen ze representéieren.
Zesumme mat meine Prinzessinne Lara Kring, Céline Max, Sara Rinnen an Anne Kelsen invitéieren ech Eech häerzlechst op de Riesling Open 2019. Lass geet et freides owes, den 13. September, um 20 Auer mat meiner Kréinung am Centre Culturel zu Wormer. Samschdes a sonndes sinn d’Kelleren vun de Wënzer aus iser Rieslingsgemeen fir Eech op, wou Dir Iech alleguer vun isen exzellente Wäiner kënnt iwwerzeegen.
Ech freeë mech elo schonn Eech all op dësem eenzegaartege Wäifest ze begéinen an zesumme mat Eech den een oder anere Patt ze drénken. Prost!
Fabienne Demuth
Rieslingskinnigin 2019