Advertorial

Gala-Concert 2019 vun der Bouneweger Musek

Zesumme mat de Soliste Simone Martiny (Gesang) a Grégoire Baumberger (Piano)

(COPYRIGHT: DAP INDUSTRIES)

Esou, wéi d’Traditioun et wëllt, ass et eis eng grouss Freed, Iech op de Gala 2019 vun eiser Musek z'invitéieren, an dat Samschdes, den 2. Februar 2019, um 20 Auer, am Stater Conservatoire. „Ofwiesslungsräich“, „nei“, „iwwerraschend“ oder „anescht“, dëst sinn nëmmen e puer vun de Wierder, déi den Dirigent Romain Kerschen ëmmer erëm benotzt, wann hie vum Gala vun dësem Joer schwätzt.Virwëtzeg?Hei e klenge Virgeschmaach op déi musikalesch Rees op déi déi Bouneweger Musikanten Iech den Owend zesumme mat hirem Chef huelen.

Zesumme mat de Soliste Simone Martiny (Gesang) a Grégoire Baumberger (Piano)

Léif Frënn vun der Bouneweger Musek,

Gala-Concert 2019 vun der Bouneweger Musek-2


„Faravista“ vum jonke belsche Komponist Stijn Aertgeerts ass dat éischt Stéck vum Owend. Ganz feierlech a mat vill Beweegung stëmmt et de Publikum op de Concert an. Et ginn awer och dramatesch an traureg Momenter. „Goodnight Sarajevo“ vum hollännesche Komponist Leon Vliex erënnert an zwee ganz emouvanten Deeler (Alarming Events an In memoriam) un d’Belagerung vu Sarajevo während dem Krich am fréiere Jugoslawien. De Komponist huet dëst Stéck als Hommage un déi vill Affer vun dësem Krich geschriwwen.

Roueg geet de Concert weider, an et ass den éischten Optrëtt vun de Soliste vum Owend. D’Simone Martiny an de Grégoire Baumberger presentéiere „Stille Tränen“ aus dem Liederkreis Op. 35 vum Robert Schumann. No dësem solisteschen Optrëtt spillt d’Fanfare „Evening on the Lake“ vum Gion Balzer Casanova. Ënnert dem Originaltitel „La Sera Sper Il Lag“ gouf dëst Stéck 2009 als beléiftst Wierk an der rätoromanescher Schwäiz gewielt.

Den Héichpunkt vum Owend ass da sécherlech d’Opféiere vum Jan Van der Roost sengem Wierk „I shall love but thee“. De bekannte belsche Komponist huet dëst Wierk fir d’Hochzäit vu sengem jéngste Fils geschriwwen. Inspiréiert duerch d’Texter vum William Shakespeare huet de Jan Van der Roost e Wierk fir Sopranistin a Blosorchester geschriwwe wat staark u Kompositioune vun de grousse Meeschter Henry Purcell oder Georg Friedrich Händel erënnert. De Romain Kerschen a seng Musikante freeë sech drop fir d’Simone Martiny bei dësem Wierk kënnen ze begleeden.

„Rêverie“ vum Nikolai Kapustin an „I got rhythm“ vum George Gershwin sinn zwee Wierker, déi de Solist Grégoire Baumberger presentéiert, ier de Concert mat erëm méi lëschtege Momenter weider geet.

Mat „Volare“ vum Domenico Modugno a „Wave“ vum Antonio Carlos Jobim trëtt d’Simone Martiny nach eng Kéier mat de Bouneweger Musikanten op. Déi spillen dann zum Ofschloss nach Melodien aus dem Film „The Wizz“. „Songs of the Wizz“ ass e Medley mat deene flottste Melodië vum Quincy Jones aus dësem Film. Mat „Riverdance“ vum Bill Whelan geet déi musikalesch Rees vun der Bouneweger Musek dann op en Enn.

Dir gesitt, léif Leit, d’Musikanten an hiren Dirigent waren an deene leschte Méint ganz aktiv an hu fläisseg geprouft.

Fir alleguer déi Leit, déi elo virwëtzeg sinn an deen Owend wëllen erliewen, d’Billjeeë fir de Gala-Concert 2019 kënnt Dir bei Luxembourg Ticket reservéieren um Telefon 47 08 95-1 (luxembourgticket.lu) zum Präis vu 7, 13 oder 17 Euro.

Den Dirigent Romain Kerschen a seng Musikante wieren immens frou Iech am Conservatoire kënnen ze begréissen a freeë sech elo schonns op Äre Besuch.