Advertorial

Fréijoersconcert vun der Bouneweger Musek, ënnert der Leedung vum Romain Kerschen

4. Mee, um 20 Auer, zu Bouneweg am Centre culturel – Solist: Kevin Simoes Ferrao (Saxophon Alt)

Léif Frënn vun der Bouneweger Musek, Wéi d’Traditioun et wëll, steet de Fréijoersconcert „JUST MUSIC“ vun der Bouneweger Musek all Joer ënnert engem neien Thema. Nodeems dëse Concert 2018 ënnert dem Thema „Bella Italia“ stoung, huelen den Dirigent Romain Kerschen a seng Musikanten Iech dës Kéier mat bei eis franséisch Nopere mam Opruff „Vive la France“. De Concert gëtt presentéiert vum Sophie Renaut.

4. Mee, um 20 Auer, zu Bouneweg am Centre culturel – Solist: Kevin Simoes Ferrao (Saxophon Alt)

De Concert fänkt u mat „Deux Danses“ (aus „The Danserye“ vum Tylman Susato) a weist, wéi fréier an de ville Schlässer op Renaissance-Musek gedanzt ginn ass. Am Jacques Offenbach senger Opéra-bouffe „Orphée aux enfers“ geet et ëm d‘Doppelmoral vun der besserer Paräisser Gesellschaft mam beschtbekannte French Cancan.

Fréijoersconcert vun der Bouneweger Musek, ënnert der Leedung vum Romain Kerschen-2
Den Dirigent Romain Kerschen

Duerno maache mir e klengen Ëmwee a Spuenien mat eisem Solist Kevin Simoes Ferrao, e jonke Musikant aus den eegene Reien, deen eis „Pequeña Czarda“ um Saxophon Alt spillt, e virtuosen Danz vum Pedro Iturralde.

Den Disney-Musical „The Hunchback of Notre-Dame“ erzielt eis dann d’Geschicht vum Quasimodo an der bekannter Kathedral Notre-Dame de Paris. „La Guerre oubliée“, dem Léon Vliex säi monumentalt Wierk, wou un d’Schluecht vu Kastrikum (Holland 1799) tëschent den Truppen aus England/ Russland a Frankräich ënnert dem Napoléon erënnert gëtt, schléisst den éischten Deel vum Concert of.

No der Paus gëtt et nach eng Kéier méi traureg mam Musical „Les Misérables“ no engem Roman vum Victor Hugo, wou di schwéier Liewens- an Aarbechtskonditioune vun der franséischer Gesellschaft an der Mëtt vum 19. Joerhonnert beschriwwe ginn.

Duerno gëtt et Zäit, di bekanntste franséisch Sänger(in) aus der leschter Zäit virzestellen, mat ëmmer erëm schéine Melodien, di engem ni wäerten aus dem Kapp goen, vu Charles Aznavour iwwer Gilbert Bécaud bis zum eemolege Spatz vu Paräis, dem Edith Piaf. Esou kléngt den Owend dann och aus mat „Vive la France! Les plus grandes chansons françaises“, nach emol e Medley mat berühmten an onvergiessleche Melodien aus Frankräich.

Sidd Dir elo virwëtzeg ginn op eise Programm a wëllt mat eis Frankräich musikalesch entdecken? Da rufft un um Telefon 49 63 33 a bestellt Äre Billjee (12 E/ Studente 7 E) fir den „Just Music 2019“. Den Dirigent Romain Kerschen a seng Musikante freeë sech iwwer Äre Besuch! Genuch Parkméiglechkeeten (reduzéierten Tarif; automatesch Keess am Centre culturel) fannt Dir am Parkhaus nieft dem Centre culturel (Entrée Rue Sigismond). An natierlech ass fir Iessen a Gedrénks beschtens gesuergt!

Kevin Simoes Ferrao

(Solist Saxophon Alt)

Fréijoersconcert vun der Bouneweger Musek, ënnert der Leedung vum Romain Kerschen-3

De Kevin Simoes Ferrao, gebuer am Dezember 2000, huet am Alter vun 10 Joer ugefaange Saxophon Alt ze léieren. Säit September 2011 ass hien Deel vum Bouneweger Jugendorchester Fanfare Prince Henri a säit 2014 ass hien och an der Fanfare Municipale Luxembourg-Bonnevoie.

De Kevin huet säin „éischte Präis“ am Solfège 2016 am Conservatoire Luxembourg ofgeschloss an huet am Moment nach aner musikalesch Niewefächer wéi Déchiffrage, Saxophon-Ensembel oder och nach Harmonie-Orchester. An der Klass vum Anaïs Lorentz mécht hien dëst Joer säin „éischte Präis“ um Saxophon Alt.

Liste des donateurs

Fréijoersconcert vun der Bouneweger Musek, ënnert der Leedung vum Romain Kerschen-4

Anonyme
Banque et Caisse d'Epargne de l'Etat Luxembourg
Banque Internationale Luxembourg
BGL BNP Paribas Luxembourg
Café Ro'den Eck Bonnevoie
Chauffage-Sanitaire Reding-Langen Bonnevoie
Costanza Tony
Fackelstein Laurent, abbé Bonnevoie
Fleurs Kill Howald
Garage Bilia-Emond Luxembourg
Garage Losch (Autodiffusion) Luxembourg
Garage M. Losch Bonnevoie
Grosjean Olivier
Lux Philippe
Music&Tools Luxembourg
Nickels Pitt Bettembourg
Parisse Michel
Pigeon Valérie Leidenborn (D)
Pigeon Vanessa-Dinis César Vianden
Pigeon-Royer Joëlle Vianden
Samarghitan Roxana
Tragelux Mamer
Zahlen-Nickels Josette a René Bonnevoie
FOCO Galtür LAM Limpertsberg