Changer d'édition

Réiden à la mode

Nei agekleed an déi waarm Saison

Schong an Accessoiren fannt Dir bei Chaussures Meidl by Peggy.

##mainParagraph##

Nei agekleed an déi waarm Saison


De Summer ass do a verwinnt eis elo scho mat waarmen Temperaturen. An esou sonneg Deeg, mat 25 Grad a méi, erfuerderen selbstverständlech déi passend Tenue.

Wann Dir also nach op der Sich no neier Summermoud sidd, déi Ärem Stil entsprécht, da sollt Dir Iech am beschten op de Wee an d'Réidener Geschäftsstrooss maachen! Well op gläich dräi Top-Adressen kommen d’Madamm wéi och den Här hei garantéiert op hier Käschten. Hei fanne si vun der eleganter Tenue iwwer sportlech Outfits bis hin zum entspaanten Dresscode alles, fir sech vu Kapp bis Fouss qualitativ nei anzekleeden.

Scho säit 2011 leet d'Anny Wirth by Sim, op 78 GrandRue, hire Schwéierpunkt op bescht Qualitéit souwéi Originalitéit. Den Dammebuttek passt sech stänneg den aktuellen Trends un a bitt senge Clienten déi neist Kollektiounen an alle Gréissten un. Eng gutt Geleeënheet also, bei herrlechem Wieder entspaant duerch de Buttek ze spadséieren an dat eent oder anert flott Stéck fir sech ze entdecken.
 

Réiden à la mode-2
D'Härespënnchen an d'Anny Wirth by Sim sinn déi richteg Adressen, fir Iech fir déi waarm Saison nei anzekleeden. Fotoen: C.

An der Härespënnchen, op der Nummer 41, ka sech den Här säit 2013 akleeden. Hei gëtt exklusiv mat Qualitéitsmarken wéi Mise au Green, Bugatti, Casa Moda, Venti oder Carl Gross geschafft. Säit Neiestem kënnt Dir och déi aktuell Dammekollektioune vu Mise au Green, Eva Kayan a Smashed Lemon an der Härespënnchen entdecken.

En Outfit ass awer nëmmen da komplett, mat deem passende Puer Schong. An deem Fall ass op Chaussures Meidl by Peggy, op der Nummer 43, verlooss.Hei fënnt d'ganz Famill déi richteg Berodung, fir hier Tenue ze vervollstännegen.

D'Ekippen aus den dräi Butteker freeë sech, Iech geschwënn an der Réidener Geschäftsstrooss perséinlech begréissen a professionell beroden ze dierfen. Verbréngt e stressfräien Dag an der Stad un der Atert a profitéiert vu gratis Parkplazen. nb
 

Anny Wirth by Sim
78, Grand-rue
L-8510 Redange
Tel.: 23 62 11 30

Härespënnchen
41, Grand-rue
L-8510 Redange
Tel.: 26 62 14 32

Chaussures Meidl by Peggy
43, Grand-rue
L-8510 Redange
Tel.: 23 62 00 08