Changer d'édition

Publikumsmagnéit mat mëttelalterleschem Flair

Et gëtt erëm ee Nöetsmaart zu Esch-Sauer!

Nodeems 2015 de Nöetsmaart vun Esch-Sauer di leschte Kéier stattfonnt höet, freet sech eise Schäffen- a Gemengerot, datt et Samschdes, de 6. August 2022 nees souwäit ass.Ze verdanken ass dat net fir d’lescht deene ville Veräiner aus der Gemeng, déi bereet waren, de renomméierten Nöetsmaart vun Esch am Lach erëm opliewen ze loossen. Donieft wier ouni eng enk Zesummenaarbecht mat der Asbl vun den „Hobbykënschtler Lëtzebuerg“ eng Neioplag wöel net méiglech gewiescht. Zu dësem Zweck ass och an der Tëschenzäit eng speziell Asbl mam Numm „Comité Hobby-Nöetsmaart“ gegrënnt ginn.Viru Joren war dëse Nöetsmaart ëmmer erëm ee Publikumsmagnéit. Dëst net fir d’lescht well et fir d’Visiteuren ee ganz besonnescht Erliefnes war fir Owes duerch di enk Gaassen vun der mëttelalterlecher Uertschaft ze flanéieren. 

Publikumsmagnéit mat mëttelalterleschem Flair-2

Esch-Sauer gouf am Joer 927 fir d’éischt urkundlech ernimmt an ass viru kurzem am digitalen Reesmagazine Geo plus als eent vun den 20 schéinsten Dierfer a ganz Europa ausgezeechent ginn.

Nodeems dat mir elo d’Pandemie stéckweis kënnen hannert eis lossen, steet engem Succès bei der Organisatioun vum HobbyNöetsmaart näischt méi am Wee. Am Numm vun eisem Schäffen- a Gemengerot wënschen ech dofir den Organisateuren an Hobbykënschtler den 6. August vill Erfolleg an eise Gäscht ee wonnerschéinen Owend mat vill flotter Ambiance an eisem schéinen Esch-Sauer.

Marco Schank
Buergermeeschter