Changer d'édition

Léif Frënn vum Miseler Wäin, léif Leit alleguer

 

Mäin Numm ass Céline Max, ech sinn 20 Joer al an hunn déi grouss Éier dëst Joer als Ohner Wënzermeedchen zur 23. Rieslingskinnigin gekréint ze ginn.Ech kommen aus dem Domaine Viticole Max-Lahr et Fils. Doduerch, dass de Beruff vum Wënzer an der Famill läit, hunn ech alles ronderëm de Wäibau scho vu klengem u gelieft an hëllefen doheem wou ech kann.A menge véier Prinzessinnejoer hat ech d‘Chance déi vill national wéi och international Wäiner kennenzeléieren an nei Bekanntschaften ze maachen.Rieslingskinnigin ze ginn ass nach eng Kéier eng aner Saach. Elo ass et u mir, meng Prinzessinnen, Sara Rinnen, Anne Kelsen, Tessy Marx a Lilli Hippert unzeféieren. Et ass mir eng Éier, eis schéi Regioun, eis Gemeng a virun allem de Miseler Wäin op deene ville Plazen am In- an am Ausland ze representéieren an d’Leit op de Goût vum Riesling bréngen ze dierfen.

Léif Frënn vum Miseler Wäin, léif Leit alleguer-2

Ech invitéieren Iech häerzlech freides, de 16. September 2022 um 20.00 Auer an de Wormer Centre Culturel, fir mat mir mäi Kréinungsowend ze feieren.

Samschdes a sonndes hunn eis Wënzer zu Éinen, Wormer, Ohn a Meechtem hire Keller fir Iech op, wou Dir d‘Geleeënheet hutt de Wënzer hir bescht Wäiner ze schmaachen an ze kafen.

Kommt a léiert d‘Rieslingsgemeen Wormer kennen a prost de 16., 17. an 18. September mat mir op de Riesling Open 2022!

Céline Max
Rieslingskinnigin 2022