Changer d'édition

Advertorial

„Dräi mol Vive!“

Spezial
De Fakelzuch an dat grousst Freedefeier um Virowend vu Nationalfeierdag zéie Joer fir Joer Dausende vu Leit an d'Stad. Fotoen: Chris Karaba

Et dierf nees gefeiert ginn

Spezial 22.06.2022
Anzeige


Et ass all Joer op e Neits déi warscheinlech gréisst Feierlechkeet an eisem klenge Ländchen: Nationalfeierdag. A no zweejäreger, coronabedéngter Zwangspaus, dierf Lëtzebuerg dëst Joer endlech nees zesumme feieren.

Uechter d'Land gëtt sech schonn haut um Virowend versammelt. Sëlleg Gemenge lueden op hier Duerffester mat Fakelzuch a Freedefeier, ier muer den traditionellen Te Deum stattfënnt.

Gréisste Publikumsmagnéit ass natierlech eis Stad Lëtzebuerg. Dausende vu Leit profitéieren hei vun enger Hellewull un Animatioun, Concert'en, Iess- a Gedrénksbuden, ier, pünktlech um 23 Auer, dat grousst Freedefeier iwwert der neier Bréck den Nuetshimmel opliichte léisst.

Leo, fournisseur d’énergie de la capitale

Eng Fro vun der Meteo

Mee wat genau feiere mir dann eigentlech den 23. Juni? An der Theorie handelt et sech dobäi jo ëm de Groussherzogsgebuertsdag. Allerdéngs ass weder S.A.R. de Groussherzog Henri, nach ee vu senge Virgänger den 23. Juni gebuer. Tatsächlech geet den Datum op d'Grande-Duchesse Charlotte zeréck, déi den 23. Januar 1896 op d'Welt komm ass. Well hire Gebuertsdag awer an déi kal Wanterzäit gefall wär, huet een deemools decidéiert, d'Festivitéiten an de Summer ze verleeën. An esou ass een op den 23. Juni komm, en Datum, dee bis haut als „Groussherzogsgebuertsdag“ festgehale gëtt.

Eng Traditioun vu wäit hier

Wann och de Virowend vun deem groussen Dag Joer fir Joer déi meescht Visiteuren an d'Haaptstad zitt, esou fannen den 23. Juni déi offiziell Feierlechkeete statt. No enger Zeremonie an de fréie Mueresstonnen an der Philharmonie ginn zu Éiere vum Grand-Duc 21 Kanouneschëss ofgefeiert – weltwäit eng Traditioun, wann e Monarch empfaange gëtt. Mee wisou grad 21?

An der Schëfffaart soll et Usus gewiescht sinn, wann een an en Hafen agelaf ass, all seng Kanounen (an der Reegel waren dat der 20 Stéck) eidelzeschéissen. Dëst, fir de Leit matzedeelen, dass ee keng Gefor duerstellt an a friddlecher Absicht kënnt. Den Hafe soll doropshin, quasi als „Wëllkommes-Geste“, mat engem eenzele Kanouneschoss geäntwert hunn.

Defilé duerch d'Stad

Weider geet et mam traditionellen Appell an der Avenue de la Liberté. Hei gréissen SS.AA.RR. de Groussherzog Henri an den Iewgroussherzog Guillaume d'Truppe vun der Arméi, der Police an dem CGDIS, ier si an enger Parad duerch d'Strooss zéien. Op den Takt vun der Militärmusek marschéieren d'Truppen dann, de Bléck aus Respekt ëmmer op de Grand-Duc geriicht, laanscht, wärend dësen hier Ausrëschtung inspizéiert.

Am spéiden Nomëtteg gëtt dann an der Kathedral den Te Deum ofgehalen, an der Presenz vun der Groussherzoglecher Famill souwéi Membere vun der Regierung, dem Staatsrot an der Chamber. Nathalie Burg