Advertorial

Et ass nees Huncherenger Kiermes

Hämmelsmarsch, Kiermeskuch mat Ham, al Traktere fueren duerch d’Duerf...

##mainParagraph##

Den 11. August ass nees Kiermes am Duerf zu Hunchereng. Dann invitéiert déi jonk an dynamesch Equipe vun der Huncherenger Musek op hir traditionell „ Kiermes am Duerfkär“. Wéi schonns déi lescht 2 Joer fënnt d’Kiermes um neie Parking an der Schoulstrooss zu Hunchereng statt. Wéinst dem Chantier vum neie Centre culturel ass d’Kiermes nëmmen e puer Meter geplënnert. Wann d’Huncherenger Musek zur Zäit och net am Duerf prouft, hält se awer grad elo nach méi un der Traditioun an der Kultur am Duerf fest. Sou gëtt scho Samschdes den 10. August, d’Kiermes mam Hämmelsmarsch duerch d’Stroosse vun Hunchereng agelaut.

Kiermessonndeg ab 10 Auer treffen sech d’Oldtimertrakteren op der Kiermesplaz fir duerno e flotten Tour duerch d’Dierfer an d’Feldweeër ze maachen. Nom Tour sinn d’Trakteren um neie Parking ausgestallt.

Et ass nees Huncherenger Kiermes-2

D’Leit gi mueres mat Kiermeskuch an Ham empfaangen, an no der Mass erkléngt den Hämmelsmarsch am Duerfkär. Wéi och schonn déi lescht Jore maachen d’Gehaansbléiser de musikaleschen Optakt mat engem flotte Concert Apero. Fir Mëtteg zerwéiere mir eise Kiermesmenu, en ½ Poulet mat Gromperen an Zalot, deen dir op folgenden Nummere kënnt virbestellen: 26 59 00 96 oder 691 530 762 oder per Mail op fanfare@fanfare.lu. De ganzen Dag iwwer ass fir Iessen a Gedrénks gesuergt. Niewent deem übleche Gegrills zerwéiere mir Iech Curry-Wurscht an och Gromperekichelcher. Als Digestif proposéiere mir eng Kiermesdrëpp, déi et och als Série limitée ze kafe gëtt.

Een Highlight vun der Kiermes ass déi traditionell Päerds- an Trakterseenung um 15 Auer. Hei defiléieren nach eemol d’Oldtimertraktere virun der Kierch. Jiddereen, dee säi Päerd oder Trakter well seene loossen, ass häerzlech agelueden. Och all aner historesch Gefierer sinn häerzlech wëllkomm.

Um 16 Auer geet et musikalesch weider mat der Mäereler Bigband déi mat hirem ofwiesslungsräiche Programm ze iwwerzeege wëssen.

Och d’Kanner kommen op der Huncherenger Kiermes net ze kuerz. Um flotte Sprangschlass, beim Intefëschen, an der Schéissbud oder bei engem Tour mam Zichelchen, kënne Grouss a Kleng sech amuséieren.

D’Huncherenger Musek setzt sech d’ganzt Joer iwwer fir hir jonk Musikantinnen a Musikanten an. Sou bitt d’Fanfare e Cours am Eveil musical un, d’MiFaButzen, fir Kanner ab 5 Joer. Dëse Cours ass samschdes vu 17 bis 18 Auer zu Hunchereng an der Schoul. D’Kanner kréien op spilleresch Manéier en éischte Kontakt mat der Musek.

Duerno kënne si weider an d’Museksschoul goe fir en Instrument ze léieren, dat mir hinne gären zur Verfügung stellen, a ginn dann och an eisem Jugendgrupp MiFa-Bléiser opgeholl. Mat einfachen a flotte Museksstécker sammele si éischt Erfarunge fir an enger Musek ze spillen. D’MiFaBléiser prouwe mëttwochs vun 18.30 bis 19.30 Auer zu Beetebuerg am Musekssall an der Sportshal.

D’Prouwe vun der Fanfare sinn all Mëttwoch vun 19.30 bis 21.30 Auer. Weider Informatiounen, Agenda a Fotoen vun der Fanfare Ste-Cécile Huncherange-Noertzange-Fennange fannt Dir op www.fanfare.lu. Mir freeën eis, Iech op der Huncherenger Kiermes ze begréissen.