Advertorial

Entdeckt dat neit Lëtzebuerger Mineralwaasser fir d‘Feierdeeg

Lodyss: gesond an nohalteg

Fir d‘Feierdeeg gëtt d‘Selverbesteck gedeckt, d‘Liblingsrezepter ginn ausgepaakt, an di bescht lokal Produitë gi kaf.Wat gëtt et besseres wie äre Menü mat engem puere Waasser ze begleeden. Wat zousätzlech ären Dësch dekoréiert an iech bei da Digestioun vum deftegen Iessen hëlleft.

Eng gutt Gesondheet ass wichteg!

Lodyss ass wärend 30 000 Joer op enger déift vun 317 Meter geschützt an ass soumat frei vun mënschlecher Ëmweltverschmotzung.

Entdeckt dat neit Lëtzebuerger Mineralwaasser fir d‘Feierdeeg-2

Mat engem pH Wäert vu 7,5 kann Lodyss ouni Moderatioun vun all Generatioun gedronk gin. Lodyss ass vum Gesondheetsministère als gëeegent fir Puppelcher zertifiéiert gin.

Lodyss ass ee Waasser mat 0 Nitrat an huet wéineg Natrium a Mineralstoffer an ass dowéinst liicht ze digeréieren, sief et platt oder och liicht spruddeleg.

Een Erwuessene Kierper brauch 2L Waasser pro Daach fir bei gudder Gesondheet ze bleiwen wat 730 Liter pro Joer sinn. Dofir ass d‘Qualitéit vum Waasser och immens wichteg.

Nohaltegkeet vu Lodyss

Den Transport an d'Verpakung vu Waasserfläsche sinn d'Haaptfaktore vun onsem ökologesche Foussofdrock. Dofir ass et ons wichteg Nohalteg ze denken an ouni Plastik ze schaffen.

Duerch de Konsum vu lokalem Waasser kann den ökologesche Foussofdrock fir di nokommend Generatioune verréngert gin. D‘Glasfläsch ass eng optimal Léisung fir d’Qualitéit vum Waasser bis bei de Konsument ze garantéieren. Dofir gëtt et Lodyss ausschliisslech a Glasfläschen.

Loosst iech Lodyss heem liwweren

Fir Zäit wärend Äre Chrëschtdagsvirbereedungen ze spueren, kënnt Dir iech Lodyss direkt heem liwwere loossen. Op drinx.lu kenn dir direkt online äer Bestellung opginn. Innerhalb vu 24h Stonnen kenn dir beliwwert gin an äre Vidange gëtt direkt matgeholl.

Lodyss
www.lodyss.lu