Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Advertorial

Eng laang Traditioun

Spezial
Fir den Henri Gerekens, Buergermeeschter vu Réiden/Attert ass d'Kropemannsfest e feste Bestanddeel vu Réiden. Foto: C.

„D‘Kropemannsfest an d‘Gemeng Réiden gehéiere fest zesummen“

Spezial 28.09.2019
Anzeige

Eng laang Traditioun

„Mir als Gemeng sti voll a ganz hannert dëser Organisatioun an hëllefe, wou mir kënnen an hoffen, datt et erëm ee groussen Erfolleg gëtt.
   

D‘Fest ass nit méi vu Réiden ewechzedenken. Wann d‘Wieder wéi all Joer matspillt, wäert Réiden erëm wéi di lescht 7 Editioune vun Dausende Leit vun no a wäit besicht ginn.
   

Moies um 10 Auer geet et lass an ech freeë mech schonn op eist Theaterstéck, wat mir (de Gemengerot a Prominenter) hannert dem Worréshaus opféiren. Den Auteur a Régisseur ass de Jean Nehrenhausen.
   

All Joer erëm flott fir d’Akteuren, déi matspillen an och fir d‘Zuschauer. An der autofräier Groussgaass ass eng aussergewéinlech Atmosphär, wou Frënn a Bekannte sech treffen.
   


An Animationen wird es am Sonntag in den Straßen von Redingen nicht mangeln. Allen voran: der „Kropemann“  Nicohöchstpersönlich! Foto: Muller Nico

Di Réidener Geschäftsleit, an eng 150 Stänn vun Hobby, Konscht an Handwierker bidden hir Wueren un. Live-Musek, Animatioun, Iessen an Drénke sinn och mat um Rendez-Vous. Kommt all op Réiden, soss verpasst Dir eppes. Ween net kënnt ass selwer Schold. Et ass erfreelech ze gesinn, dass souvill Leit aus aner Veräiner der „asbl“ hëllefen. Si kréien e Subsid vun der Gemeng, awer ouni Veräiner géif et kee sou ee groussen Erfolleg ginn. Merci och all deenen, di an iergendenger Form zur Organisatioun vum Kropemannsfest bäidroen. 
   

Ech well awer profitéieren der Union Commerciale an der Kropemannsfest a.s.b.l Merci ze soen, fir déi laangjäreg a gutt Zesummenaarbecht mat der Gemeng a wënschen dem President, dem Tom Faber mat senger Equipe eng glécklech Hand a vill Erfolleg fir dëst Joer an déi kommend Joren.“

Gerekens Henri, Buergermeeschter, Réiden/Atert