Advertorial

Dee richtege Choix fir Äert Waasser

„Lodyss – Mineral Ice Age Water“

D’Brasserie Nationale huet viru Kuerzem Lodyss lancéiert, d’Lëtzebuerger Mineralwaasser vun onvergläichlecher Rengheet aus der Äiszäit. Waasser ass e wesentlecht Element vum Liewen, mee och en Ëmweltprobleem. Dësen zwee Krittäre gerecht ze ginn, ass net ëmmer einfach.   

Gedrénks

Eng gutt Gesondheet ass wichteg!

Zwee Liter Waasser soll een Erwuessene pro Dag drénken, fir bei gudder Gesondheet ze bleiwen. Dofir ass d‘Qualitéit vum Waasser immens wichteg.
   

Firwat Lodyss?

Analyse vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology) hunn onst d’Waasser op 30 000 Joer datéiert. Wärend dëser laanger Zäit huet d’Waasser zu Lëtzebuerg op enger Déift vun 317 Meter gerout, an ass dofir fräi vu mënschlecher Ëmweltverschmotzung. Lodyss huet keen Nitrat, wéineg Natrium a Mineralstoffer.
   

Lodyss huet ee pH-Wäert vu 7,5 a kann dofir vun all Generatioun ouni Moderatioun gedronk ginn an ass optimal fir d’Puppelcher (unerkannt vum Gesondheetsministère).
   

Dee richtege Choix fir Äert Waasser-2
Gitt an iwerzeegt Iech op der Plaz – Dir sidd häerzlech wëllkomm, d‘Waasserhaus an der Brauerei ze besichen
   

Wéi ass et mat der Nohaltegkeet vum Planéit?

Den Transport an d'Verpakung vu Waasserfläsche sinn d'Haaptfaktore vun onsem ökologesche Foussofdrock. Dofir ass et ons wichteg, nohalteg ze denken an ouni Plastik ze schaffen. Duerch de Konsum vum lokale Waasser an enger Glasfläsch kann den ökologesche Foussofdrock garantéiert ginn.
       

D‘Glasfläsch ass eng optimal Léisung, fir d’Qualitéit vum Waasser ze garantéieren. Dofir war ee sech eeneg, fir Lodyss ausschliisslech a Glasfläschen ofzefëllen.
  

Brasserie Nationale
www.brasserienationale.lu
Tél. 00352 23 63 64 217