Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Advertorial

De Bäertrëffer Haupeschmaart feiert dëst Joer scho säi 15. Bestehen

Spezial

Spezial 06.11.2019
Anzeige

De Bäertrëffer Haupeschmaart feiert dëst Joer scho säi 15. Bestehen

Mat jährleg iwwert 7 000 Visiteuren gehéiert e sécherlech zu deene bekannste Konscht- an Handwiekermäert an der Groussregioun.



Iwwert 100 Aussteller, lokal, regional oder aus dem Ausland, komme fir hir Konschtwierker oder kulinarisch Spezialitéiten ze verkafen.

Ee gutt gefëllten Animatiounsprogramm, a vill Iessen a Gedrënksstänn suergen dofir, dass Grouss a Kleng e schéinen Dag an eisem Duerf verbrénge kënnen.

E grousse Parking mat Shuttle bréngt Iech och dëst Joer ouni Stress bis virun d‘Entrée.

E feste Rendez-Vous um Haupeschfest ass awer och um Sonndemoien um 10.45 Auer d‘Haupeschmass, di all Joer vum S.I.T Berdorf an der Briechkaul – Amphitheater organiséiert gëtt. Dës Mass gëtt traditionell vun den „Trompes de Chasse Saint Hubert“ musikalesch encadréiert a gehéiert scho Joerzéngten zum Berdorfer Kulturpatrimoine.

Offréiert gëtt no der Mass e Glühwain, souwi eng Drëpp oder ee waarme Choky.

Wéi all Joer, wëll ech schonn am Viraus dem Organisateur, de Fraen a Mammen, een décke Merci fir hiert Engagement ausschwetzen an der 15. Editioun vill Succes wënschen. Joe NILLES, Bourgmestre