Sonndeg, de 14. Juli
An deem Sënn organiséieren d‘Schlassfrënn all Joer e Fest am Schlasspark zu Koulbich, an dat scho fir déi 37. Kéier, sou dass all Frënn aus der Gemeng Ell an Ëmgéigend sech do kënnen treffen, mateneen diskutéieren, a gudder aler Traditioun, an dobäi och nach e soziaalt Wierk finanziell ënnerstëtzen. Elo schonn en décke Merci a mäi Respekt fir all déi Leit déi sich dat ganzt Joer benevole engagéiere fir dass dëst Fest e Succès gëtt. Heimat dann awer och mäin Opruff un all Leit, an Unzuel ze kommen an domat eng Hand unzepake fir d‘Ziler vun der Croix-Rouge am Allgemengen, a speziell d‘Aktivitéite vum Schlassfest 2019 ze ënnerstëtzen.
Nëmmen zesumme kënne mer eppes erreechen, dat beweist sich och all Joer am Kader vum dësem Fest.
An dësem Sënn wënschen ech den Organisateuren dass vill Leit de Wee op Schlassfest fannen, fir zesummen e schéinen Dag am Schlasspark ze verbréngen.
Armand SCHUH
Buergermeeschter vun der Gemeng Ell