Advertorial

D'Pensionnaire vum Senior Hotel ...

... ëmmer a Beweegung!

Residenz fir Senioren, bitt en idealt Liewensëmfeld an Déngschtleeschtunge fir seng Bewunner, déi fräi an onofhängeg bleiwe wëllen. Dank senger optimaler Gréisst, 68 Zëmmeren a véier Vakanzenzëmmeren, kennt sech jiddereen, wat dem Haus, dat senge Bewunner all Woch divers Sortien an Aktivitéiten ubitt, eng familiär Säit gëtt. D'Zil vun der Direktioun ass et, dëse Familljegeescht ze erhalen an d'Pensionnairen wöchentlech un Aktivitéite wéi Molereicours'en, Bingo, Filmowenter oder generatiounsiwwergräifenden Treffe mat Crèchen, deelhuelen ze loossen. All Woch gi Sortien gemaach, ob an en Akafszentrum, mam Schëff – der bekannter Marie-Astrid – bis op Réimech, oder bis an d'Oktave. Mee déi beléiftste Feier ass a bleift d'Summer Fest, wou sech Elteren, Kanner, Enkelkanner a Kolleege versammelen, fir en onvergiessleche Moment zesummen ze verbréngen. De Senior Hotel Echternach steet fir Wunnkomfort, Gesellegkeet an Austausch.

... ëmmer a Beweegung!

Senior Hôtel Echternach
9, rue de l'Hôpital – L-6448 Echternach
Tel. 72 64 50
Informatiounen a Reservatiounen ënner www.seniorhotel.lu