Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Advertorial

D’Menster Quetschekiermes ... e bëssen anescht

Spezial

Spezial 19.09.2019
Anzeige


„Wat soll dat do dann elo heeschen? Dir wäert dach net alles D’ënnescht D’iewescht maachen, wat bis elo gutt geklappt huet?“



All déi, déi sech dës Fro gestallt hunn, kënne mir berouegen: Et gëtt näischt un all deene Saache gefréckelt, déi éis Quetschekiermes esou flott an attraktiv maachen:  



D’Quetschekraut gëtt ees ewéi ees virun der aler Schmëtt a grousse Kofferkesselen um Holzfeier gekacht, stonnelaang, fir datt net vill Zocker brauch derbäi gemaach ze ginn, an et sech troztdeem laang versuerge léisst. (Ma neen – Dir sollt et net laang versuergen, ma Iech et direkt gutt déck op eng Kuuscht schmiren ... hmmmm)
   

D’Mëttegiesse gëtt och nach ëmmer am Centre culturel – zu Menster soe mir: „am Bau“ – zerwéiert. An do virdrun spillt och déi Ouljer Musek e flotte Concert-Apéritif. Da schmaacht et éise Gäscht nach besser.





Quetschentaarten, Eisekuchen a Branntewäin ginn och op de gewinnte Plaze verkaaft. De Kannerfloumaart a vill aner Stänn fannt Dir wéi och soss ëmmer an de Stroosse vum Duerfkär.
   

Awer, déi Plaz, wou all déi Jaren éist grousst Zelt stong, do ass am Ament en décke Chantier. D’Gemeng riicht do e fuschneit Gebai op, wou och fir éis Veräiner déi gewënschte Kamoulitéiten ageriicht ginn. An dofir hu mir is missen iwwerleeën, wou mir is sollten mat éisem Gegrills an virun allem mat éisem Zelt nidderloossen. Well ouni déi Animatioun, déi is D’Zolwer Knappbléiser do Jar fir Jar bidden, ass éist Quetschefest nëmmen hallef esou lëschteg. Eng säfteg Kottlett, eng knackeg Mettwurscht ... an e sëffege Patt genéisst ee nach méi bei hirer Musek.



Ma mir hunn eng Léisung fonnt: Mir hunn dat alles am Haff vun der fréierer Schoul opgeriicht a vill Animatioun op där Plaz a ronderëm virgesinn. Dir wäert gesinn, éis Quetschekiermes ass wéi säit 45 Jar schonn e Besuch wäert.





Mir freeën iis, mat Iech en etlech gemittlech an amusant Stonnen ze verbréngen.