Samschdes a sonndes jeweils vun 11 bis 19 Auer
D'Kulturkommissioun vu Jonglënsterinvitéiert Iech ganz häerzlech dëse Week-end 6. a 7. Abrëll op déi 6. Editioun vun onser Konscht-Biennale „Artlënster“. Virun 10 Joer gouf et déi éischten Ausstellung an dësem Kader, déi sech mëttlerweil zu enger internationaler Manifestatioun gemausert huet a mir sinn houfreg drop, Iech dëst Joer iwwer 140 Aussteller aus verschiddene Konschtaarten a Länner kënnen ze presentéieren.
D'Ausstellung ass op vu samschdes 6. Abrëll 11 Auer un. Eng gratis Navette féiert Iech tëschent den Ausstellungsplazen hin an hier. Fir Parking, Iessen a Gedrénks ass beschtens gesuergt.
Mir freeën ons op Äre Besuch.
Raphael Rippinger,
Präsident vun der Kultur Kommission vun der Gemeng Jonglenster