Architektebüro
Alleva Enzio Architectes & Associés S.à r.l.
27, rue des Promenades, L–4774 Pétange
reception@alleva-architectes.lu
www.alleva-architectes.lu
De leschte Freide gouf een treie Mataarbechter vum Architektebüro Alleva vu Péiteng fir seng zéng Joer Mataarbecht geéiert: den Architekt, Här Alex Welscher, dee mat senger grousser Energie an der néideger Erfarung all Projet oder Chantier wonnerbar ze meeschtere weess. No enger interessanter Visitt vun der Boufferdenger Brauerei zu Käerjeng an engem animéierten Zapcours, goung et dunn an „d’Braustuff“ fir en traditionellt lëtzebuergescht Iesse mat der ganzer Equipe (Alleva Architectes; Urba Urbanistes; Intra Architecture d'intérieur; Palea Architecture du paysage). Zu gudder Lescht huet den Här Welscher vu sengem Chef Enzio Alleva mat enger klenger Ried an engem Reesbong vu „Sales-Lentz“ fir seng Déngschter en häerzleche Merci ausgedréckt kritt. Senger Madamm gouf e schéine Bouquet iwwerreecht.
Alleva Enzio Architectes & Associés S.à r.l.
27, rue des Promenades, L–4774 Pétange
reception@alleva-architectes.lu
www.alleva-architectes.lu