#Vakanzdoheem
Infoen, Ticketen & mesures sanitaires:
www.science-center.lu
Showprogramm:
www.science-center.lu/fr/shows
Facebook:
www.facebook.com/LuScienceCenter
Am groussen Exploratiounsraum fänkt d’Rees un! D’Visiteure kënne sech op der Plaz mat bis zu 100 interaktive Statiounen auserneesetzen. Sief et fir een Auto mat enger Hand opzehiewen, géint ee Roboter Kicker ze spillen, déi gréisste Plasma Kugel vun der Welt unzepaken … do ass fir jiddereen eppes dobäi, an dat fir all Altersgrupp. Loosst Iech iwwerraschen!
All Statioun huet och een Touchscreen, wou déi verschidde Phenomener op fënnef Sprooche präsentéiert ginn (LU, DE, FR, ENG, PT).
Zousätzlech dozou stinn och bis zu 20 spektakulär Science Shows um Programm, un deenen ee schon ab sechs Joer deel huele kann. Elektrizitéit, Fluiden, Optik, Magnetismus, Akustik, Mechanik … an nach villes méi.
All eenzel Show kann een och op véier Sproochen erliewen (LU, DE, FR, ENG). De ganze Showprogramm fënnt een online op Science-Center.lu
Sicht Dir eng onvergiesslech Aktivitéit fir d’Chrëschtvakanz? Da kommt mat der ganzer Famill an de Science Center laanscht a fannt selwer eraus, wéi eng Iwwerraschungen een do entdecke kann. Plaze si limitéiert: Reservéiert Är Ticketen ab elo op Science-Center.lu
De Science Center ass all Dag op, ausser de 25., 26. Dezember & den 1. Januar.
Luxembourg Science Center
1, rue John Ernest Dolibois, L-4573 Differdange
Tel.: 28 83 99 1
reception@science-center.lu