Advertorial

En Hi-Tech Lauschterbuch

De Jemp Schuster liest säi Roman ,,Bluttseffer" vir

E renomméierten Auteur- a Lieserduo hei zu Lëtzebuerg. Foto: fw

Wann de Jang Linster an de Jemp Schuster sech zesummen dinn, da kann dobäi jo bal nëmmen eppes ganz Flottes eraus kommen. An dësem Fall ass et e Lauschterbuch wéi et nach keent hei zu Lëtzebuerg ginn ass. Kee vun deenen zwee muss ee nach vill virstellen. Souwuel deen een ewéi deen aneren huet sech an der lëtzebuerger Kulturzeen säit Laangem e gudden Numm gemaach. Sou wéi de Jemp als Schrëftsteller zu enger Referenz ginn ass, sou geet an der Mediewelt och kee Wee laanscht de Jang.

Dem Jemp Schuster säi Roman ,,Bluttseffer" koum viru gutt zwee Joer eraus an erzielt d'Geschicht vun dräi Familljen an der éischter Hallschecht vum leschte Joerhonnert. Elo huet den Auteur säin eegent Wierk virgelies an de Jang Linster huet doraus e Lauschterbuch gemaach. Awer net egal wat fir e Lauschterbuch!

En huet dobäi op di neisten Technologie zréckgegraff. Déi nennt sech NFC an déi dräi Buschtawe sti fir dat englescht "Near Field Communication". Genee sou wéi mer haut kontaktlos mat eiser Kreditkaart bezuelen, geet et och hei mat dem Buch. Mat all Handy kann een esou dem Jemp Schuster säi Roman lauschteren. Op déi Aart a Weis huet een en handlechen a praktesche Moyen fir dat erfollegräicht Buch zu jidder Zäit nozelauschteren. Mee déi nei Technik erlaabt et och fir Illustratioune mat anzebauen, fir dat Wierk nach méi lieweg ze maachen. De Jang Linster ass op jidde Fall begeeschtert vun dem Lauschterbuch: ,,Mat klasseschen CDen hätt een der op d'mannst fënnef gebraucht. Et ass faszinant, wéi een dem Jemp säi Wierk mat där neier Technik zur Geltung ka bréngen.

An engem gudde Mount ass virgesinn, datt den zweeten Deel vun dem Jemp Schuster senger Familljesaga erauskënnt. Do geet et em di selwecht Familljen zum Schluss vum leschte Joerhonnert bis eran an eis Zäit. Den Titel dovun ass ,,Oureschleffer".

D'Lauschterbuch kritt een an de Librairien Ernster ze kafen an deemnächst och an anere Geschäfter. Bestelle kann een et och fir 24,50 Euro op jangli.com oder kinoamkapp.lu. fwa