Advertorial

Buerglënster am Zeeche vum Konschthandwierk

Déi 39. International Konschthandwierker-Deeg dëse Samschdeg a Sonndeg

Wéi gewinnt, sinn déi ënnerschiddlechst Handwierker mat hiren Aarbechten vertrueden.

##mainParagraph##

Déi 39. International Konschthandwierker-Deeg dëse Samschdeg a Sonndeg

Buerglënster am Zeeche vum Konschthandwierk-2

Wat am Ufank eng reng regional oder lokal Ugeleeënheet war, huet sech am Laf vun der Zäit zu enger internationaler Manifestatioun entwéckelt. Aus engem Ëmkrees vun dausend Kilometer kommen d’Konschthandwierker op Buerglënster, wat den Titel „International“ Konschthandwierker-Deeg rechtfäerdegt. Am Laf vun de Joren huet d‘Manifestatioun sech zu engem feste Bestanddeel am kulturelle Liewe vun eisem Land entwéckelt. „Mir beméien eis, dass nëmmen haaptberufflech Konschthandwierker hiert Kënnen ënner Beweis stellen, mee mir ginn och enger klenger Zuel vun net professionelle Konschthandwierker, ënnert gewëssene Konditiounen, eng Chance“, schreift de Comité vum Syndicat d’Initiative.

Déi ënnerschiddlechst Handwierker an hir Konscht
 

Buerglënster am Zeeche vum Konschthandwierk-3
D’Stänn sinn dëst Joer erëm uechtert ganzt Duerf opgestallt, ronderëm d'Place du Village, duerch d‘Gonnerenger Gaass an d’Rue de la Forge erop virun an am Schlass.

Buerglënster am Zeeche vum Konschthandwierk-4
Aus engem Ëmkrees vun dausend Kilometer kommen d’Konschthandwierker op Buerglënster. Fotos: C.

Grouss Ënnerstëtzung vu ville Säiten

D‘Duerfveräiner hëllefen den Organisateure bei der Ausféierung vun dëser Manifestatioun, sief et, datt se sech ëm d’Entréeskeese këmmeren, fir dat leiflecht Wuel vu jiddferengem suergen oder bei der Verkéiersreegelung behëlleflech sinn.

Dëst Joer maache bei de Konschthandwierker-Deeg d’Allënster Dueffrënn, d’Chorale Ste-Cécile Buerglënster-Amber, den DT Buerglënster, d’Fanfare Buerglënster, de Volleyball Amber- Lënster an d’Hondsschoul Heureka Grolënster mat. „Wärend engem Spadséiergank iwwer d’Konschthandwierker-Deeg huet een d’Méiglechkeet, bei engem Stand vun eisen Duerfveräiner eng Paus ze maachen a sech ze stäerken, sief et e Patt ze huelen oder e Maufel z’iessen“, ënnersträicht de Comité vum Syndicat d’Initiative, dee sengen Duerfleit a senge Geschäftsleit e grousse Merci ausdréckt fir d’Ënnerstëtzung, déi e vun hinne kritt: „Mir wëlle vun dëser Plaz aus eise Gemengeverantwortleche mat hire verschiddenen Déngschter Merci soen, fir déi Hëllef, déi se eis entgéintbréngen, wa mer se brauchen. A loosse mer eise Kulturministère net vergiessen, deen eis de Beréng vum Schlass all Joer zur Verfügung stellt.“ De Comité schléisst of mat dëse Wierder: „Mir kënnen Iech nach vill iwwert eis Konschthandwierker-Deeg erzielen, fir Iech awer selwer Ier Meenung ze maachen, géife mer soen: Kommt bei eis, dir sidd wëllkomm!“

Weider Informatiounen iwwer Syndicat d’Initiative aus der Gemeng Jonglënster a seng Aktivitéiten: www.sijunglinster.lu. cf

39. International Konschthandwierker-Deeg an der Buerg (Buerglënster)

- Samschdes, de 15. Juni, vun 12 bis 19 Auer
- Sonndes, de 16. Juni, vun 9.30 bis 19 Auer

Parking mat Navette zu Jonglënster op dëse Plazen:
P+R Recycling Center, Centre Polyvalent Gaston Stein, Op der Gare, an der Loupescht, a bei der Gemeng.

Dës Navette fiert am 10-Minutten-Takt.

De Wee fir op d‘Parkinge gëtt zu Jonglënster mat Panneauen ugewisen.

Konschthandwierk, dat begeeschtert

E Wuert vum Lënster Buergermeeschter Romain Reit

Buerglënster am Zeeche vum Konschthandwierk-5
De Lënster Buergermeeschter Romain Reit Foto: C.

Säit 1981 sinn d’Konschthandwierker-Deeg e feste Bestanddeel vun de kulturellen Aktivitéiten an der Gemeng Jonglënster. D’Konschthandwierker-Deeg gehéieren zu deene gréisste kulturelle Manifestatiounen an eisem Land.

All Joer kommen Dausende vu Leit an d’Buerg, fir do iwwert honnert Konschthandwierker aus dem In- an Ausland ze bewonneren, wéi sinn nach live hirem Handwierk noginn. Ënnert dem pittoreske Schlass an den enke Gaasse vun der Buerg kréie souwuel d‘Handwierker wéi d’Visiteuren en eemolege Kader ugebueden a loosse sech vum Flair vun dësen zwee Deeg beandrocken. Munch Visiteur wäert déi eng oder aner Kreatioun erstoen.

A menger Funktioun als Buergermeeschter freet et mech, den Aussteller an och de Visiteuren esou eng eenzegaarteg Geleeënheet ze ginn, fir sech wärend den zwee Deeg verwinnen ze loossen. Dës Manifestatioun ass net nëmmen hei am Land bekannt, mä zitt all Joer vill Leit aus dem noen Ausland un.

Déi zwee Deeg ginn organiséiert vum Syndicat d’Initiative vun der Gemeng Jonglënster. Ech soen e grousse Merci un d’Organisateuren, déi sech all Joer mat vill Idealismus a Kompetenz éierenamtlech an den Déngscht vun der Konscht stellen. E Merci geet och un all Veräiner, déi wärend där Zäit aktiv ronderëm d’Buerg fir Iessen a Gedrénks suergen.

Ech wënschen de Konschthandwierker 2019 eng erfollegräich Oplag an de Visiteuren e puer flott Stonnen an der Buerg.

Romain Reit